Nodèms mir den 15 August béim Jean-Claude Thilmany an dem Karin gutt geféiert haaten, gung et den 16 August op Bastogne. Et sin mat gefuer : den Jean-Claude Thilmany ant Karin, den Frank Klasen an tEugenie, tArlette Duton, den Marc Lehnen a seng Kanner Jessica an Bianca, den Rob Goenendijk an tLaura, den Krein Marco an tAngele. Moies konnt éen béi verschiddenen Spiller matmaachen. Géint 14 Auer koumen och den Marc Bock an tJosiane Hemmer un. TTreffen war beim Centre Culturel zu Bastogne. Et waren eng ronn 50 Autoen do an kéen éenzegen Händler. Nodéems mir mëttes zesummen zu Bastogne giess haaten, sin mir zréck op den Site gefuer. Nomettes soulten mir den Tour fueren. Béi der Unmeldung haat jiddferen eng Beschréiwung vum Tour kritt fir selwer dat ganzt ze fueren. Wéi bis 15 Auer nach kéen sich begannt haat, huet den Club décidéiert fir dann zesummen dat ganzt ze fueren. Dat war nét einfach. Schon no engem Kilometer sin éis déi éischt entgéint komm wéll mir alleguer falsch waren. Nodéms mir eng zwéeten Kéier op den nächsten 200 Meter déen Problem haaten, sin mir Kaffi drénken gaang an hun eng Glass giéss. Déi Organisatioun war null. Den Jean-Claude an tKarin haten déi richteg Décisioun geholl wéi si virum Tour héemgefuer sin. No enger Stonn sin mir op den Site zreck gefuer wou nach eng Préisverdéelung vun der Spiller an dem Concours délégance war. Géint 17 Auer sin den Frank an tEugenie héem gefuer an den Marc, tJosiane, den Marco an tAngele sin ant Pommerlach gefuer fir do iessen ze gouen. TOrganisatioun vum Treffen war dëst Joer eng Grimmel bësser wéi virun 2 Joer mée nach ëmmer staark ze verbësseren.